"HONIG KANN MAN IMPORTIEREN, DIE BESTÄUBUNGSLEISTUNG DER BIENEN JEDOCH NICHT"
Eenheemischen Hunnig
Kaaft äeren Hunnig beim Lëtzebuerger Beiemann-Beiefra, well et sin eis Beien die eis Uebstbeem, Feld an Ziersträicher, eis Wiisen an Gaardeblummen bestäuben an domatter och fir de Fortbestand vun eiser artereicher Emwelt suergen.
Mir sen beméiht nemmen die bëschte Wuer un eis Client'en ze verkaafen. Mer haalen eis un die streng Kriterien a Kontrollen vun der "Marque Nationale du Miel Luxembourgeois" an "Ourdaller Hunnig", an mer verkaafen eisen Hunnig och ënnert desen zwee Label.
Eisen Hunnig as rëckstandsfräi an get op eng méiglichst natiirlich Art a Weis produzéiert.

Lagerung
Lagert äeren Hunnig donkel, dreschen an kaal. E poar wichtig Inhaltsstoffer am Hunnig sen liicht an virun allem Hëtzempfindlich. Dës gin beim Ophëtzen iwer 40° Grad, ewer och bei langer undauernder Erwärmung verluer.
Och de Frigo as nick die richtig Plaz fir den Hunnig ze lageren, well den Hunnig hëllt schnell friem Gerëcher un.
Maacht den Deckel vum Hunnigglas emer gudd zou, well den Hunnig as hygroskopisch, dat hëscht den Hunnig hëllt d'Fiichtigkeet aus der Emgéigend un. D'Resultat dovunner as dat de Waasergehalt vum Hunnig erop geet. Da kann et viirkommen, dat den Hunnig ufënkt mat gären.
Kandéierten Hunnig kenn dir durch luest opwiermen (Bain-marie) rem flëssig maachen. Mee denkt drunner: D'Temperatur soll nie iwer 40° Grad klammen. An der Mikrowell gin die wertvoll Inhaltsstoffer zerstéiert.

Kristallisatioun an Bilde vun der Bléi am Hunnigglas
Kristallisatioun
D'Kristallisatioun vum Hunnig as engt natiirlicht physikalischt Phänomen. Je no Hunnigzort trëtt d'Kristallisatioun méi fréih oder spéit an. Durch regelméissigt schounend réieren vum geschléiderten Hunnig get eisen Hunnig all gudd cremig.
Bilde vun der Bléi am Hunnigglas
Ofgefëllten Hunnig weist heinsdo un der Wand vum Hunnigglas wäiss verfäerwten Bereicher, die sougenannte "Bléi" un. Beim Auskristalliséiren zéiht sech dem Hunnig liicht vum Glas zrëck an den dobäi entstannenen Huelraum get dann nick méi ausgefëllt.
Bildung vun der "Bléi" trett just bei waaserarmen Hunnig op an weist domatter dat et sech em een "Qualitéitsproduit" handelt. Trotzdem sen d'Verbraucher emmer veronsëchert, well se mengen dat et sech bei deenen Bléien em bei gemëschten auskristalliséierten Zocker géif handelen, den de Beien onerlaabterweis zougefiddert gouf.
Marque Nationale
Marque Nationale
De Label " Marque Nationale" fir den Hunnig gouf 1973 agefouert. Fir de Label ze kréien, muss den Hunnig folgend Bedinungungen erfëllen.
* Den Hunnig däerf keng Zousëtz resp. importéierten Hunnig beinhalten.
* Den Waaserundeel muss enner 18% léien.
* Alleguer d'Analysen (HMF-Gehalt, Invertase an Léetfähigkeet) mussen ennerhalb vun den Kritéiren vun der
Marque Nationale léien.
* Während der Truecht däerf nick gefiddert gin.
All Hunnig, den dëse Label well kréien, muss sech och enger Préifung ennerzéien, woubäi d'Ausgesin, d'Rengheet, d'Konsistenz, de Geroch an de Goût vum Hunnig kontrolléiert gin, ouni Herkunft vum Imker ze kennen.
Eréischt wann all d'Kritéiren erfëllt goufen, kritt den Imker d'Resultat vun allen Prouwen esou wéi d'Etiketten zougeschëckt.
Appellation d'Origine Protégée (AOP)
Op Grond vun de strengen Qualitéitskritéiren an Kontrollen as den Hunnig vun der Lëtzebuerger Marque Nationale een vun dene weinigen europäischen Hunnigen, déi den Qualitéitslabel "AOP" hun.