D'Beien
An engem Beiestack liewe ronn 60.000 Beien. Engt Vollek besteet aus Drohnen, Arbichterinnen, an enger Kinnigin. Die mëschten Zäit vum Joer besteet e Vollek aus weiblichen Beien: enger Kinnigin an Arbichterinnen déi Hunnig hirstellen an sech em d'Larven kemmeren. D'Halschend, also ongefeier 30.000 Beien fléie raus fir op de Blummen de Bléiesaaft (Nektar) ze sammelen. Fir e Pond Hunnig ze fabrizéieren mussen dës 30.000 Fluchbeien zusummen dräi Pond Bléiesaaft asammelen. Si besichen (a bestäuben!) dobäi 3.000.000 bis 5.000.000 eenzel Bléien, a si fléien dofir zusummen eng Streck vu ronn 120.00 Kilometer. Also se fléien fir e Pond Hunnig dräi mol ronderëm ganz Welt.
An engem Beievollek gin et dräi verschidden Zorten vun Beien
Drohnen: Sie schlüpfen am Fréijoer aus onbefruchteten Eer. Hiir eenzig Aufgab besteet doranner d'Kinnigin ze begatten. Vum Fréijoër bis an die Summerméint gin bis zu 2.000 männlich Beien gezillt. Bei hirem Hochzäitsfluch paart sech d'Kinnigin mat méi Drohnen aus verschiddenen Beievölker.
Wann am Spéitsummer d'Nahrungsoffer méi gereng get, gin Drohnen aus dem Beiestack verdriwwen. Am nächste Fréijoër entstin erem néi Drohnen aus onbefruchteten Eer.
Wann am Spéitsummer d'Nahrungsoffer méi gereng get, gin Drohnen aus dem Beiestack verdriwwen. Am nächste Fréijoër entstin erem néi Drohnen aus onbefruchteten Eer.
D'Arbichterinnen: Des lëschten all Arbichten am Beiestack, sie wieren d'Feinden (Harespelen, Drunnen, etc) of. Sie sammelen Bléiesaaft, Pollen, Kittharz an Waasser. Ausserdem produzéieren se Wues an se bauen dorausser Waaben fir den Hunnig, Pollen an d'Eer ofzeleen. Während hirem Leewenslaaf maachen d'Beien vill ennerschiddlich Arbichten. Des Aufgaben variéieren mat dem Leewensalter an der Entwecklung vun den Drüsen. Dobäi gin se ewer kengem strengen Schema no, mäi d'Arbichten kennen je no Besoins am Beievollek zäitlich stark variéieren.
D'Kinnigin: D'Kinnigin as etwa 2 mol méi grouss wei eng Arbichterin. An Beievollek as d'Kinnigin die eenzig die fortpflanzungsfähig as an sie kann bis zu 2.000 Eer am Daag leen. D'Eer gin an der Waab ofgeloacht. Durch d'Regelung vun den Spermien (no der Begattung) leet d'Kinnigin enger Säits befruchten Eer, aus denen d'Arbichterinnen an néi Kinniginnen gin an anerer Säits aus onbefruchteten Eer Drohnen enstin. Et erkennt een d'Kinnigin virun allem un hirem langen schlanken Kierper. Eng Kinnigin kann bis zu 6 Joer aal gin, allerdings get se mëschtens no 2-3 Joer ausgetosch, well soss d'Leschtung an Vitalitéit am Vollek deitlich ofhellt.
D'Arbichten vun enger Hunnigbei
Alter an Deeg Leewensphase Arbicht
1-2 Daag Jongbeien Zelle botzen
3-4 Daag Jong Ammebeien Fidderen vun den äelleren
Larven ( Mueden)
5-8 Daag Äeler Ammebeien Fidderen vun den jonken
Larven (Mueden)
9-12 Daag Éischte Orienteirungsfluch virum
Fluchlach
13-18 Daag Arbichterinnen Ausschweesen vun de Wuesplättercher (Waabenbau)
15-18 Daag Unhuelen vun Nektar, Verarbichtung zu Hunnig, Pollen astampfen
19-21 Daag Oppasserinnen Ofwier vun Harespelen, räiberischen Beien, den Menschen an soss Feinden
22- Daag bis Leewensenn Sammlerinnen Sammelfluch, (Nektar, Pollen, Kitharz, Waaser)
De Beieschwaarm
Déi natiirlich Vermehrung vun de Beien geschitt durch de Beieschwaarm. D'Vollek zillt sech eng nei Kinnigin a kurz eier des schlüpft, verléist die aal Kinnigin mat der halschent vun de Beien de Beiestack. Dëse Schwaarm sicht sech en geegenten Huelraum, wou se néi Waaben baue kennen an engt néit Vollek opbauen.
Kleng Anatomie vun der Bei
Leewenslaaf vun de Beien
D'Beiejoer am Iwerblëck
Januar: De Januar as een rouige Mount fir dem Beiemann. D'Beien sëtzen fest op der Drauw zesummen. D'Wanterbehandlung soll mëttlerweilen och ofgeschloss sen. Ausser geleentliche Kontrollen op den Stënn felle lo keng wieder Arbichten un.
Februar: Bei mei ewei 12° Grad am Daag fléien well fir d'éischt d'Beien aus dem Beiestack fir sech proper ze maachen. D'Beien fënken rem un hir Brut ze pflegen. Lues a lues erwëscht d'Vollek aus dem Wanterschlof.
März: D'Wegden bléien an bei guddem Weeder sammelen d'Beien fléissig Pollen an Nektar.
April: D'Uebstbeem bléien an d'Beien droën bei guddem Weeder vill Pollen an Nektar ran. Enn des Mount kënnen die éischt Hunnigréim opgesaat gin.
Mai: Am Mee fënkt fir den Imker d'Arbicht sou richtig un. Pissblummen an de Raps bléien. Een zweeten Hunnigraum muss opgesaat gin. D'Kinniginnenzuucht fënkt un. Enn des Mount get den éischten Hunnig geschleidert. Regelméissig Kontrollen bei den Völker musse gemaach gin. D'Völker befannen sech an Schwaarmstëmmung an d'Brutnascht hoat säin Maximum erreecht.
Juni: Spéitestens Ufank vum Mount muss den éischten Hunnig geschleidert gin, well e soss an de Waaben kristalliséiert. No poar Deeg kann den Hunnig agefellt gin. Elo hun d'Beien hir maximal Stärkt erreecht. Nom 21/22 Juni fënken d'Völker un besselchen méi schwaach ze gin. D'Kinnigin leet elo scho manner Eer an d'Brutnascht get méi kleng.
Juli: Am Juli kennen d'Beien nach genuch Nektar sammelen. Mëtt vum Mount get de lëschten Hunnig geschleidert. Nom Schléideren gin d'Beievölker die éischte Keier opgefiddert an se gin géint Varroa-Milb behandelt.
August: De Summerhunnig kann zum richtigen Moment an d'Glieser gefellt gin.
September: Bei schéinen Spéitsummerdeeg sammelen d'Beien nach wichtigen Pollen, den se mat enger Kusch Wanterfudder mëschen. Ab Mëtt September sollen d'Beien nick méi gestéiert gin. D'Stärkt vum Vollek hoat zimlich ofgeholl, well manner Wanterbeien schlüpfen ewei Summerbeien stierwen.
Oktober: Bei waarmen Oktoberdeeg fléien d'Beien eng lëschte Keier fir hir Kotblos eidel ze maachen virum Wanter. Den Imker kann sech elo dru gin fir d'Beiekëschten an d'Matérial ze botzen fir d'nächst Fréijoer.
November: An de Völker schlüpft die lëscht Brut. Den Imker kontrolléiert den natiirlichen Varroafall a kann d'Wanterbehandlung durchféieren. Elo kennen mat dem aale Wues och Kärzen gemaach gin.
Dezember: Wann d'Wanterbehandlung nach nick durchgefouert gouf, soll se elo spéitestens am Dezember gemaach gin. Ausser geleentlichen Kontrollen op de Beiestënn kucken ze goen, fallen keng wieder Arbichten un.